Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ Perkussionist an Dirigent an engem

Klassik Aktuell

Perkussionist an Dirigent an engem

Neijoerschconcert vum Orchestre de la Place de l‘Europe mat sengem Dirigent Benjamin Schäfer an der Flüttistin Hélène Boulègue

auto_stories

1 min

headphones

17 min

play_arrow

De Sonnden de 14. Januar 2023 spillt den Orchestre de la Place de l‘Europe säin Neijoerschconcert am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck. Dat ass dem Orchester säin éischte Concert ausserhalb vun der Philharmonie. Mat dobäi sinn zwee Museker déi och Deel vun de Lëtzebuerger Philharmoniker sinn. Dat ass eemol d‘Solistin Hélène Boulègue op der Flütt, an eemol de Benjamin Schäfer. Hien ass Perkussionist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, an Dirigent vum Amateursorchester vun der Philharmonie. D‘Marie Schockmel huet sech mat him ënnerhalen.

Lauschterenplay_arrow