Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ Petitioun vu Bettenduerfer Biergerinitiativ huet genuch Ënnerschrëften zesummen

Biergerinitiativ Pro Referendum

Petitioun vu Bettenduerfer Biergerinitiativ huet genuch Ënnerschrëften zesummen

D‘Initiativ fir ee Referendum an der Gemeng Bettenduerf iwwert d‘Nordstad-Fusiounsgespréicher hätt den néidege Seuil vun 20 Prozent vun den ageschriwwene Wieler erreecht.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Dat mellt déi zoustänneg Biergerinitiativ an engem Communiqué. Dëse Freideg 29. November géif déi entspriechend Demande fir e Referendum op der Gemeng deposéiert ginn.

5 Leit – dorënner déi fréier Buergermeeschtesch Pascale Hansen – hunn d‘Initiativ geholl gehat fir Ënnerschrëften ze sammelen. Hannergrond ass den „Nee“ vum Bettenduerfer Gemengerot zu weideren Nordstad-Fusiounsgespréicher.

An engem Referendum sollen d’Leit awer net d’Fro gestallt kréien, ob si fir oder géint eng Fusioun sinn, mee ob si fir oder géint e Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher sinn.