Piano Poems, esou heescht de leschten Album vun der Cathy Krier. Si interpretéiert Wierker vum Ravel, Liszt a Prokofiev awer och vun zäitgenëssesche Komponistinnen: vun der Konstantia Gourzi an der Catherine Kontz. D'Marie Trussart huet mat der lëtzebuerger Pianistin iwwer hiren Album geschwat an ënner anerem erausfonnt, wéi ee mat Musek Saachen ausdrécke kann, woufir et keng Wieder ginn. An si erzielt eis e puer vun deene Geschichten, aus deene sech d'Musek aus hirem Album inspiréiert.