Mat sengem éischten Solo-Album "Roots" geet den Cellist Pierre Fontenelle op d'Spuere vun der musikalescher Identitéit. Net nëmmen vun der eegener, mee och där aus dem 21. Joerhonnert an den USA.
Den Album ass souzesoen en Hommage un déi amerikanesch a musikalesch Gesellschaft an hir Villfältegkeet.
De Release verbënnt souwuel klassesch Musek, wéi och en europäeschen Touch an Aflëss aus dem Blues, Jazz a Rock.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann gitt der iwwerdeems gewuer, wéi de Pierre Fontenelle als Autodidakt mam Cello ugefaangen huet an a wéi enger Stilrichtung de Museker sech selwer am meeschte "verwuerzelt" fillt.