Radioen

On air

De gemittlechen Owend  |  Maurice Ravel - Miroirs, III. Une barque sur l'océan - Francois-Joël Thiollier (Piano)

play_arrow Live
opus

/ EU-Kommissioun plangt obligatoresch Inspektioune fir eeler Autoen am Joresrythmus

Mobilitéit

EU-Kommissioun plangt obligatoresch Inspektioune fir eeler Autoen am Joresrythmus

D’EU-Kommissioun wëllt an alle Memberstaaten eng obligatoresch Inspektioun all Joer aféieren, fir Autoen, déi méi al wéi zéng Joer sinn.

auto_stories

1 min

© Bigstock / Virrage Images
(Foto: Bigstock / Virrage Images)

D’Zil vun der EU-Kommissioun ass et, d’Zuel u Verkéiersaccidenter an Affer ze reduzéieren. D’Kommissioun geet dovun aus, datt eng Inspektioun all Joer zu engem Réckgang vun engem Prozent bei den Doudesaffer a Blesséierten am Stroosseverkéier kéint féieren.

Autoe mat engem méi héijen Alter sinn Etüden no méi dacks an Accidenter verwéckel. Dës Autoe fale méi dacks aus, a verursaachen och méi schiedlech Emissiounen.

Dës proposéiert nei Reegel muss nach vum Europaparlament a vun den EU-Memberstaaten approuvéiert ginn, éier si kann a Kraaft trieden.