Plattformen Disney an TikTok wëlle Partnerschaft agoen
Den US-Konzern Disney an déi chineesesch Videoplattform TikTok hunn ee Partenariat ugekënnegt. An engem éischte Pilotprojet an den USA däerfen TikTok-Createuren Figuren a Filmextraiten aus Disney-Filmer an hire Kuerzvideoe notzen. Dat gëllt ënner anerem fir Contenue vu Pixar, Disney a Marvel.
Am Géigenzuch sollen ausgewielten TikTok-Videoen och op der Streamingplattform Disney+ gewise ginn.
Aussoe vun TikTok no, ginn all Dag an der Moyenne ronn 6,5 Millioune Videoen op der Plattform publizéiert, déi sech op Filmer oder Tëleesserië bezéien.