1918, no der “Grande Guerre”, gëtt et an Däitschland och kulturell Verännerungen. Fir d’éischt Kéier wëlle jonk Komponiste mat hirer “neier Musek” och de grousse Public erreechen. De Paul Hindemith schreift Musek fir déi deemoleg nei Medie Film a Radio. De Kurt Weill an den Hanns Eisler komponéiere fir dem Bertold Brecht säi politeschen Theater. An déi dräi Komponiste ginn och an den USA ganz berüümt, an der Welt vun de Filmer a vun de Broadway-Showe. De Joachim hëlt eis mat an dës spannend Geschichten.