Polyptyque ass ee Begrëff, deen sech op Konschtwierker aus direkt e puer Deeler oder Elementer bezitt. Esou Polyptycha fënnt een dacks an der Kierch oder a soss reliéise Kontexter.
Polyptyque orientéiert sech dann um italieenesche Moler Duccio di Buoninsegna sengem "Maesta". An dat war och d'Ausgangsbasis fir de Schwäizer Komponist Frank Martin, deen a senger 6-deeleger Kompositioun, d'Passioun Christi rëmspigelt.
Um neien Album geet een dann awer och emol fort vum neoklassizistesch-modernen, hin zu barocken Aflëss. Hei falen Nimm wéi Bach, Vivaldi, Antonio Lotti oder Nicolas Chébdeville an d'Aan.
De Klang an d'Programmatioun iwwerzeegen
D'Marianne Piketty an "Le Concert idéal" punkte mat engem präzisen, droenden a waarmem Klang. Dës Mëschung passt dann och perfekt bäi d'Kammermusek.
Mee och d'Programmatioun oder d'Uerdnung vun den eenzelnen Tracks falen an d'Aen. Et huet een sech méi ginn, Wierker erauszesichen, déi openeen ofgestëmmt sinn an och vill mënschlech Emotiounen erausstieche loossen.
Dem Frank Martin seng sechs Biller gi wéi Statiounen och op der Produktioun verdeelt a loossen ee Wee ervirstiechen. D'Marianne Piketty beschreift genee dat als "Verflechtung vun Alem an Neiem".