Klassik Album vun der Woch

Por los Montes de Coñares

Lauschtert zesumme mat an eng Produktioun vun Amystis a La Chimera Consort.

auto_stories

1 min

Well Spuenien un der europäescher Peripherie läit, geréit et heiansdo aus dem Fokus vun der Museksgeschicht mat hire groussen Zentre Paräis, Wien a London.

Et gëtt alt emol iwwersinn, datt och Madrid eng Plaz ass, wou Museksgeschicht geschriwwe gouf, ënnert anerem an der Renaissance.

Net fir näischt gëtt dës Period och "Gëllen Zäit" genannt. Déi zwee Ensembelen Amystis a La Chimera Consort huelen eis op hirem aktuellen Album mat an dës Gëllen Zäit vu spuenescher Musek.

Iwwert dës Produktioun ënnerhält sech de Lex Kauffmann mam Guy Engels.

Lauschteren

Ee Bléck op d'Tracklëscht