Fir d'zweet organiséiert den Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL) de Prix Anne & Françoise Groben. D'Zil ass et, jonke Museker:innen a Sänger:inne fir hiert kënschtlerescht Talent auszezeechnen an als Sprangbriet fir eng international Karriär ze wierken.
De Concours ass fir all jonk Talenter op, déi zu Lëtzebuerg an engem Museksetablissement ugemellt sinn oder do den Ofschloss gemaach hunn. Déi kënnen sech nach bis de 24. Mäerz hei umellen.
Am Kader vum Präis ginn et och verschidden Evenementer:
- Vum 28. bis 30. Abrëll 2024 sinn d'Halleffinalle mat engem Concert vum Finalist vun der leschter Editioun, dem Benjamin Kruithof
- De 14. November 2024 ass d'Finale an der Philharmonie