Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Ludwig van Beethoven - Sonat Nr.1 a Mi bémol Majeur, WoO 47 "Kurfürstensonaten", I. Allegro cantabile - See Siang Wong (Piano)

play_arrow Live
search

/ Prix Mameranus 2023

Klassik Aktuell

Prix Mameranus 2023

Déi zwee jonk Lëtzebuerger Celliste Lea Reutlinger a Benjamin Kruithof kréien de mat 5.000€ dotéierte Präis.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

play_arrow

Françoise Groben, Jean Halsdorf, Michèle Kerschenmeyer, Sandrine Cantoreggi ... alles Lëtzebuerger Perséinlechkeeten aus der klassescher Musek, an all hunn si de Prix Mameranus eemol gewonnen. Dee gouf vun der “Stiftung zur Förderung junger Künstler in Luxemburg” 1990 ënnert dem Numm “IKB-Präis” an d’Liewe geruff. Dëst Joer geet de Prix Mameranus un zwee jonk Lëtzebuerger Cellisten. Dat sinn d’Lea Reutlinger an de Benjamin Kruithof. D'Präisiwwerreechung, bei där béid Laureaten optrieden, ass den 8. November um 19:30 Auer am Mamer Schlass.

Lauschterenplay_arrow