All Donneschdeg um 19 Auer gëtt et am Rainbow Center an der Stad eng Chouerprouf: De Queer Choir Luxembourg ass en inklusive Chouer, dee vu Rosa Lëtzebuerg ënnerstëtzt gëtt. Dëse ganzen August gëtt de Fokus op déi spirituell Musek gesat. De Chouer séngt nämlech all Joer am Kader vun der interreliéiser Zeremonie vu Rosa Lëtzebuerg, esou wéi wärend der Chrëschtzäit. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläeren déi zwee Dirigenten, de Gil Silva an de Paul Feitler, firwat esou e Projet immens wichteg fir hir Communautéit ass an och wou ee si fir d’nächst ka lauschtere goen.
De nächsten Optrëtt ass de 27. September 2025 am Kader vun der Gaardenausstellung LUGA.