Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Sinfonie Nr.6 a Si Mineur, Op. 74 "Pathétique", III. Allegro Molto Vivace - Berliner Philharmoniker, Kirill Petrenko (Dir.)

play_arrow Live
search

/ REIMAGINED

KLASSIK ALBUM VUN DER WOCH

REIMAGINED

Den Debut-Album vum Trio étoiles mat Wierker fir Piano an zwee Saxophonen.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

play_arrow
REIMAGINED, Trio étoiles CD bei Hänssler Classic

 

Wien a wat ass ze héieren?

Den Trio étoiles lancéiert säin Debut-Album "REIMAGINED" an dat mat enger méi ongewéinlecher Besetzung fir Piano an zwee Saxofonen. 

Den Trio étoiles besteet aus der Sopran Saxofonistin Sarah Lilian Kober, dem Vanja Sedlak um Alt-, respektiv Baritonsaxofon an dem Pianist  Vadym Palii.

Weieng Wierker sinn um Disk?

Um Disk geet et vu Musek aus der Mëtt vum 19 Joerhonnert, wou de Saxofon dann och ëm 1840 erfonnt gouf, hin zu méi moderne Wierker an och neie Beaarbechtungen.

D'Komponisten um Disk sinn Dmitri Schostakovich, Françis Poulenc, George Gershwin oder och Jean-Baptiste Singelée a Guillermo Lago.

Wéi ass d'Interpretatioun?

Et kann ee vir unzefänken soen: et ass eng rare Besetzung. Mat ee Grond, firwat op dësem Disk dann och extra Arrangementer fir des Besetzung ze fanne sinn.

Den Album "REIMAGINED" kléngt immens waarm a brillant. E packt et, een ab den éischten Täkt direkt eng Déift ze schafen. Dobäi kënnt dat ausbalancéiert Spill tëscht Saxofonen a Piano, dat sech duerch de ganzen Disk zitt. Dobäi kléngt den Album net nëmme verdreemt oder nodenklech, mee kann och mat dänzereschem Charakter duerch Walz oder Polka iwwerraschen. An dëse Momenter klengt d'Kombinatioun aus dësen Instrumenter dreiwend an impulsiv. Awer och méi liicht a fléissend Passagen, kléngen erfrëschend.

Den Disk bitt ee bonte Mix ouni dobäi zesummenhangslos ze wierken. Dobäi kann och de Mixage vum Album iwwerzeegen.

De ganzen Detail zu dësem Release fannt dir elo hei fir nozelauschteren!

Lauschterenplay_arrow