Radioen

On air

De barocke Moien  |  Ermanno Wolf-Ferrari - Intermezzo aus der Oper "L'amore medico" - Frank-Michael Guthmann (Cello), Oviedo Filarmonía, Friedrich Haider (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Vill Luef fir Lëtzebuerg, dat awer nach Efforte muss maachen

Rapport iwwert d’Situatioun vum Rechtsstaat

Vill Luef fir Lëtzebuerg, dat awer nach Efforte muss maachen

Den Nach-EU-Justizkommissär Didier Reynders huet um Donneschdegmoien an der Chamber de Rapport iwwert d’Situatioun vum Rechtsstaat presentéiert. Wat de Respekt vum Etat de droit ugeet géif Lëtzebuerg sech ganz héich klasséieren. Et bleiwen awer nach Efforten an anere Beräicher ze maachen.

auto_stories

2 min

Foto: Chambre des députés

De Grand-Duché géif Initiative vun der EU-Kommissioun ënnerstëtzen, fir d’Situatioun an enger Rei Memberstaaten ze verbesseren. Dat wier e positiven Aspekt, esou de Reynders.

"Il y a eu des progrès"

Wat d’Situatioun hei am Land ugeet, hätten et Verbesserungen duerch Reformen am Justizberäich ginn. 

"Deux tiers de nos recommandations sont suivis des faits, totalement ou partiellement. Mais ça n’empêche pas qu’ils restent des préoccupations majeures dans un certain nombre d’États membres et même des détériorations de la situation. Le Grand-Duché est en pointe, c’est reconnu dans toutes les analyses internationales."

Efforte géifen awer ze maache bleiwen, notamment wat den Accès vu Journalisten zu offiziellen Dokumenter ugeet, esou den Didier Reynders. Hien hätt awer och festgestallt, datt Lëtzebuerg géif viru fueren, seng Situatioun an anere Beräicher nach weider ze verbesseren, esou den EU-Justizkommissär.

"Nous l’avons vu beaucoup dans le domaine de la justice, avec des réformes importantes ces dernières années sur le conseil de la justice ou l’indépendance du parquet. Et il y a encore des efforts à faire. Je les ai rappelés. Notamment sur l’accès des journalistes aux documents officiels. Il y a eu des progrès. Il faut continuer à travailler sur le sujet."

V. l. n. r.: De Gusty Graas, Didier Reynders an de Claude Wiseler. | © Serge Kesseler
V. l. n. r.: De Gusty Graas, Didier Reynders an de Claude Wiseler. (Foto: Serge Kesseler)

Zukunft vum Reynders bleift ongewëss

Een anere Beräich, an deem d’EU-Kommissioun nach Verbesserunge fuerdert, ass dee vun den Transparenzregëstere vu Regierung a Parlament."

" (...) sur les règles donnant plus de transparence aux relations entre les autorités, le gouvernement en particulier, et les lobbyistes (...) qui peuvent vouloir influencer le débat politique."

De fréiere belsche Finanz- an Ausseminister Didier Reynders ass zënter knapp fënnef Joer EU-Justizkommissär. Wat hien no senger Zäit an der EU-Kommissioun wäert maachen, wéist hien nach net, huet den Didier Reynders eis de Moie geäntwert.

Rapport 2024 sur l'état de droit

Aktualitéit
Justiz
National