Radioen

On air

De barocke Moien  |  Luigi Boccherini - Concerto fir Cello Nr.2 a Ré Majeur, KV 479, III. Allegro Assai - Françoise Groben (Cello), Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Ravel+ am CAPE

Klassik Aktuell

Ravel+ am CAPE

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

play_arrow
Ana Maria Tzeskov (lénks), Cathy Krier (riets)

Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar am Ettelbrécker CAPE, Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel+ spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm d'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si schonn Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Lauschterenplay_arrow

Hei fannt dir dann och den Detail zum Festival.