Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ Gudde Kaffi fir ee gelongenen Album

Klassik Album vun der Woch

Gudde Kaffi fir ee gelongenen Album

Nei Opnam vun der Cellistin Nuala McKenna mam Pianist Robert Kulek mat Musek aus dem 20. Joerhonnert

auto_stories

2 min

headphones

8 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

 

Eng gutt Kaffismaschinn suergt fir eng gutt Opnam

Déi däitsch-iresch Cellistin Nuala McKenna an den amerikanesche Pianist Robert Kulek hunn dëse neien Album an Holland opgeholl. An enger Kierch zu Schiedam, ronn eng Stonn ewech vun Amsterdam. Bannen an där Kierch ass bal alles aus Holz, an e Steinway Fligel steet och do. De Bonus ass eng gutt Kaffismaschinn, déi fir d’Nuala McKenna vill zu dëser Opnam bäigedroen huet.

 

Kammermusek aus dem 20. Joerhonnert

De Bohuslav Martinu huet seng éischt Cello Sonat an enger schwéierer Zäit komponéiert. Et war 1939, kuerz iert den zweete Weltkrich ugaangen ass. De Martinu hat och nach zousätzlech zu där Zäit eng Affär an dat obwuel hie bestuet war. Dem Franis Poulenc an dem Paul Hindemith hir Musek fir Cello a Piano klengt manner donkel. Dem Poulenc seng Sonat verbreet en Hauch vu Jazz, an dem Paul Hindemith stécht virun allem voller Freed.  

 

Ganz spilleresch Wierker

D’Nuala McKenna an de Robert Kulek spillen d’Musek voller Kraaft a Spillfreed. An och vill vun der Musek selwer huet eppes Spilleresches u sech. De Poulenc hat net nëmmen eng grouss Passioun fir d’Musek an d’Poesie, mee hien ass och gären an den Zirkus gaangen. Den Hindemith huet net nëmme Braatsch gespillt, mee gäre gespillt huet hien och mat senger Modelleisebunn. 300 Meter laang war déi, a ganz Nuechte laang huet hien sech domadder mat Museksfrënn beschäftegt.