Radioen

On air

De barocke Moien  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Serenade fir Sträichorchester an Do Majeur, Op. 48, II. Valse - Balkan Chamber Orchestra, Toshio Yanagisawa (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Resonanzen

E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet

Resonanzen

D'Marie Schockmel begleet duerch Resonanzen.

auto_stories

2 min

190. Gebuertsdag vum Laurent Menager

Virun 190 ass de Laurent Menager op d'Welt am Pafendall komm. Hie wat net nëmme Komponist, mee och nach Chouermeeschter, Organist an Dirigent. D'Lori Dauphin hëllt eis mat op grouss Momenter aus dem Liewe vum Lëtzebuerger Museker.

Neijoerschconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker

De Mëttwoch war de grousse Neijoerschconcert an der Philharmonie. Dee gouf och live um 100,7 iwwerdroen, a fir nozelauschteren an der opus-Mediathéik. Op der Bün vum grousse Sall an der Philharmonie stounge net nemmen d'Lëtzebuerger Philharmoniker mee och déi norwegesch Operesängerin Elisabeth Teige. Dirigent vum Concert war de finnesche Maestro Pietari Inkinen. Um Programm stoung ganz verschidde Musek, wéi dem Richard Strauss seng Toundichtung “Till Eulenspiegels lustige Streiche”, dem Edward Grieg seng “Morgenstimmung”, dem Johann Strauss (Sohn) seng weltbekannt Walz “An der schönen blauen Donau”, wéi och "I feel pretty" aus der West Side Story vum Leonard Bernstein.

Klassik Album vun der Woch - Yoga a Piano

De Jonathan Ferrucci spillt op sengem neien Album nëmme Musek vum Johann Sebastian Bach, dofir och den Titel "Bach The Toccatas". Den australesch-italieenesche Pianist huet awer net nemmen eng Passioun fir säin Instrument, mee och nach fir de Yoga. Doriwwer schwätzen d'Marie Schockmel an d'Marie Trussart.

Neijoerschconcert am Mierscher Theater - Wiener Schrammelmusik

D'Philharmonia Schrammeln Wien besteet zemools aus Museker vun de Wiener Philharmoniker wéi och vun der Wiener Staatsoper. Bekannt ass de Grupp fir hir Concerte mat Wiener Musek, fir méi genee ze sinn Wiener Schrammelmusek. Wat et domat op sech huet, a wéi de Grupp sech zanter sengem Ufank an de 1970er Jore entwéckelt huet, dat verréit de Günter Haumer, ee vun de Museker, am Gespréich mam Marie Schockmel.