Arthur Stockel: Carl Maria von Weber

Den Arthur Stockel ass Klarinettist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker schwätzt iwwer säin éischte Solorelease mat Musek vum Carl Maria von Weber. De Komponist huet dem Arthur Stockel seng Jugend geprägt an de Klarinettist ass immens stolz op d’Resultat: Zwee bis dräi Joer huet d'Planung, d'Ophuelen an d'Finalisatioun vum Album gedauert.
Alessandro Urbano: Fauré op CD
Den Titularogranist aus der Diddelenger Kierch, den Alessandro Urbano, huet rezent en Album mam Gabriel Fauré sengem Requiem erausbruecht.
Ërënnert gëtt mat dëser Produktioun, déi iwweregens bei engem Live-Concert opgeholl gouf, un den 100sten Doudesdag vum Fauré, ma och un d’Restauratioun vun de Fresken an der Diddelenger Kierch. Am Gespréich schwätzt de Musiker doriwwer, wéi wichteg et ass dem Fauré seng Musek fir d’Éiwegkeet festzehalen. A wéi de Museker de Requiem, deen hie selwer fir Uergel ëmgeschriwwen huet, als Dirigent um Concert empfonnt huet.
Klassik Album vun der Woch
"Amours interdites" ass den Titel vum neien Album vum franséische Pianist David Kadouch. All 7 Komponist.innen vun deene Musek drop ze héieren ass, konnten hir Sexualitéit net oppen ausliewen. De Pianist vum Album ass homosexuell, an hie seet datt dësen Album eng "Feier vun der Léift a vum Zesummekommen" ass.
Den David Kadouch ass zu Nice op d'Welt komm, mee zanter senge Studie lieft hien zu Paräis. Op desem Album ass nieft Musek aus dem Venezuela, aus Polen an aus England och villes aus der franséischer Haaptstad ze héieren. Mat dobäi ass en Hommage un d'Edith Piaf wéi och e Wierk vum Charles Trenet - dee Museker dee weltberüümt ginn ass mat sengem "La Mer".