Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  

play_arrow Live
search

/ D'FinalistInnen vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

RESONANZEN

D'FinalistInnen vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Marie Trussart féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech a Chrëschtdagsstëmmung.

auto_stories

3 min

1) Benjamin Schäfer an den Orchestre Place de l'Europe

De Museker an Dirigent Benjamin Schäfer leet mat Begeeschterung den Orchestre Place de l'Europe. Eng Formatioun aus 110 Amateurmusiker:innen. Et ass eng Tâche, déi dem Profi Museker aus de Reie vun de Lëtzebuerger Philharmoniker vill Freed mécht. Bei där hie vun de Musekerinnen a Museker awer och d'selwecht vill verlaangt wéi am Profi-Orchester. Elo steet dann e weidere Concert um Programm, bei deem den Orchester vum Klarinettist Arthur Stockel, och Member bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, solistesch begleet gëtt. Am Gespréich mam Marie Trussart hëlt de Benjamin Schäfer eis a seng Iwwerleeunge mat, wéi eng Faktoren ee gudde Concert ausmaachen. Hei verréit de Museker och, wéi hie selwer mat Nervositéit ëmgeet.

Lauschterenplay_arrow

2) Midwinter Melodies mam Chouer vun der Uni.lu

De Chouer vun der Uni.lu trëtt haut um 5 nach eng leschte Kéier zu Bartréng an der Kierch Saints Pierre et Paul op. Gesonge gëtt en internationale Programm an de meescht geschwate Sproochen hei am Land. De Motto vun de Concerten ass Midwinter Melodies. De Christophe Mirkes huet sech mam Dirigent Thomas Gareau, deen de Chouer zanter 2021 leet, ënnerhalen a gefrot, firwat den Titel Wantermelodien ass an net Chrëschtmelodien.

Lauschterenplay_arrow

3) Christmas Carols mat den Amis du Chant Luxembourg

“Christmas Carols” ass e Concert deen d’Amis du Chant Luxembourg schonn zanter 1992 organiséieren. Um Programm steet englesch Chrëschtmusek an englescher Sprooch. Dëst Joer séngt de Chouer dee Concert direkt zweemol – eemol wéi gewinnt am Stater Conservatoire, an eemol an der Porkierch zu Mäerzeg. Op der Affiche steet dëst Joer awer och e weidere Chrëschtconcert um Belval am Kader vum Evenement “Blast into Christmas”, mat feierleche Lidder op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Den Dirigent Fränz Theis huet dem Marie Schockmel méi verroden.

Lauschterenplay_arrow

4) Klassik-Album vun der Woch: Polnesch Romantik mam Meccore String Quartet

De Meccore String Quartet, deen 2007 vun deemolege Studente gegrënnt gouf, huet en neien Disk op de Marché bruecht. Drop ze héieren ass polnesch Romantik vum Wieniawski a Paderewski. Zwee Komponisten, déi an den haitege Kammermuseksprogrammer net verwuerzelt sinn, awer bis elo zu onrecht negligéiert goufen.

Lauschterenplay_arrow