Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Johann Sebastian Bach - Concerto fir Gei a Mi Majeur, BWV 1042, III. Allegro assai - Christoph Poppen (Gei), Bach-Collegium Stuttgart, Helmuth Rilling (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Resonanzen

Klassesche Start an d'Joer 2025

Resonanzen

Fir d'éischt Kéier am neie Joer begleet Iech de Lex Kauffmann duerch Resonanzen.

auto_stories

2 min

headphones

60 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Neijoerschconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker

Mëttwoch // 8.1.2025: Neijoerschconcert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker live um radio an opus 100,7

D’Lëtzebuerger Philharmoniker fänken dat neit Joer lëschteg un, mam Richard Strauss senger Toundichtung “Till Eulenspiegels lustige Streiche”. Do dernieft stinn awer och Bonbonen, wéi dem Edward Grieg seng “Morgenstimmung” oder dem Johann Strauss (Sohn) seng weltbekannt Walz “An der schönen blauen Donau”. De Rendez-vous fir dës Live-Iwwerdroung ass um 19:30 Auer.

Lëtzebuerger Produktiounen aus 2024

Och 2024 war ee produktiivt Joer, wat d'klassesch Musek ubelaangt.

Net nëmmen hu mir an eisem Programm 14 verschidde Produktioune virgestallt, mee och gouf mat "Luxembourg Classics" een neie Label gegrënnt, dee vun Ufank un nei Albe lancéiert huet.

Mee wéi eng Produktioune konnten eis Klassik-Ekipp esou begeeschteren, dass se et als perséinleche Coup-de-coeur gepackt hunn?

Hanner den Téin - Episod 2 mam Cathy Krier

An dësem Episod erzielt d’Pianistin Cathy Krier iwwer d’Normalitéit vun der Neier Musek an hirem Liewen. Schonn als Kand konnt si eng Passioun fir mei modern Kläng entwéckelen, an esou spillt dat Experimentellt fir si och haut nach eng wichteg Roll. Sech trauen Neies ze entdecken an auszeprobéieren, dat war och ee vun de Grondsteng vun der enker Zesummenaarbecht mat der Komponistin Catherine Kontz.

RMVA 2025 - Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette

De Rosch Mirkes ass säit hirer Grënnung am Joer 2001, Directeur artistique vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette. Ee Festival vu Januar bis Abrëll, deen sech der aler Musek ugeholl huet a bäi ville Leit aus der Klassik Zeen Uklang fënnt. Hei trieden ausschliisslech international Kënschtlerinnen a Kënschtler op. Den Undrang bei de Musekerinnen a Museker jiddefalls ass grouss, mee wéi gesäit et beim Publik aus?

Wéi grouss sinn d'Ännerunge vum Festival iwwert zwee Joerzéngten? Zitt d'al Musek weiderhin zu Lëtzebuerg oder hëlt dee Genre a Publik u Popularitéit zu Lëtzebuerg of?

Doriwwer huet sech de Lex Kauffmann zesumme mam Rosch Mirkes am Gespréich ënnerhalen.