Radioen

On air

De barocke Moien  |  Giuseppe Tartini - Sonat fir Gei a Cello a Ré Majeur, B.G D 9, V Minuet con 6 variazioni - Duo Tartini

play_arrow Live
opus

/ Riedel-Ausbroch an den USA: Gesondheetsminister Kennedy mat Kritik konfrontéiert

Zweeten Doudesfall am Texas

Riedel-Ausbroch an den USA: Gesondheetsminister Kennedy mat Kritik konfrontéiert

Am amerikanesche Staat Texas ass en zweet Kand un de Riedele gestuerwen. D'Kand war net geimpft an hat keng Virerkrankungen, esou d'Gesondheetsautoritéiten am Texas. De Virus huet sech do weider ausgebreet.

auto_stories

1 min

De Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. war gëschter um Sonndeg fir eng Visitt am Texas. Hien ass mat Kriticke konfrontéiert wéinst sengem Management vum aktuellen Ausbroch vun de Riedelen an den USA.