Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Franz Benda - Concerto fir Gei a La Majeur, L2.13, III. Presto - Zefira Valova (Gei/Dir.), Il Pomo d'Oro

play_arrow Live
search

/ Rising Stars zu Diddeleng

Klassik-Aktuell

Rising Stars zu Diddeleng

D'Organistin Lucile Dollat spillt am Kader vun der 5. Uergelnuecht.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Lucile Dollat | © La Mantovana play_arrow
Lucile Dollat (Foto: La Mantovana)

Als Kand ass si net dacks an d’Kierch gaangen. Dunn huet d’Lucile Dollat hir Passioun fir d’Uergel entdeckt an ass mëttlerweil Titularorganistin an zwou  bKierchen zu a ronderëm Paräis. Déi 26-Joer-jonk Organistin spillt dëse Samschden 14. Oktober ee Concert hei am Land, dat am Kader vun der Uergelnuecht an der Martinskierch zu Diddeleng, déi um 8 Auer Owes ufänkt. Ënner dem Motto “Rising Stars” trieden och zwee weider jonk Uergel-Talenter op. Méi Informatiounen zum Programm fënnt ee bei de Frënn vun der Uergel. D’Lucile Dollat huet dem Marie Trussart ënner anerem verroden, wéi d’Uergel si deemools verzaubert huet a wat um Programm vum Concert steet.

Lauschterenplay_arrow