Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  David Ianni - Piano Songs, Op. 112, III. Gentle - David Ianni (Piano)

play_arrow Live
opus

/ “Today is my birthday so I hope everybody comes”

Klassik Aktuell

“Today is my birthday so I hope everybody comes”

De jonke schottesche Gittarist Sean Shibe spillt den Dënschden 27. Februar fir d'éischt Kéier e Concert an der Philharmonie

auto_stories

1 min

headphones

8 min

play_arrow
Sean Shibe © Iga Gozdowska

De Sean Shibe feiert haut säin 32. Gebuertsdag – net a senger Heemecht zu Edinburgh, mee hei zu Lëtzebuerg. Den Owend spillt de schottesche Gittarist säin alleréischte Concert hei am Land, an der Philharmonie. Als “Rising Star” vun der European Concert Hall Organization (ECHO) presentéiert hien e ganz diverse Programm mat Barockmusek vum Bach bis minimalistesch Kläng vum Steve Reich. Déi spillt hie net nëmmen op der klassescher, mee och op der elektresch Gittar. D'Marie Schockmel huet mam Museker, deen eng grouss Passioun fir d’Experimentéieren huet, geschwat.

Lauschterenplay_arrow