Mat der Rentrée an de Schoule geet och elo déi nei Saison vum Cube 521 zu Maarnech geschwë lass. Um Programm sti ronn 50 Produktiounen, mat Theater, Danz a Musek. Nieft traditionelle Projete, wéi de Klenge Maarnecher Festival an och “Les Dimanches du Chant Grégorien”, stinn och vill nei Nimm op der Affiche. Ënnert anerem de jonke Pianist Florian Christl oder de Balkan Paradise Orchestra, deem säin Optrëtt definitiv ee vun den Highlighte vun dëser Saison ass. D’Marie Schockmel huet sech mat der Christine Keipes, der Directrice Artistique vum Cube 521, ënnerhalen.