Ënnerwee an de Karpaten...
A sengem Ballet 'Hochzeit in den Karpaten' weist sech de Paul Constantinescu vun enger traditioneller Säit. Hei entdeckt ee byzantinesch Tounarten, folkloristesch Rhythmen a Rumänesch Traditioun. Och a sengem Pianosconcerto aus dem Joer 1952 ginn et eng Rei där Elementer. Allerdéngs féiert de virtuose Kontext zu enger méi internationaler, sinfonescher Klangsprooch. Wien de Paul Constantinescu nach net kennt, mee gäre Prokofiev, Khachaturian, Bartok, Stravinsky oder Ravel lauschtert, dee kënnt am Pianosconcerto ganz sécher op seng Käschten. Klanglech Ähnlechkeete vun all dëse Komponiste sinn nämlech ze entdecken.
Dänz mat Transparenz
Opfalend ass de glasklore Pianosklang, virun allem bei Musek déi nach staark Zich vun der Volléksmusek huet. Den Oliver Triendl intergréiert de Piano rhythmesch a klanglech an den Orchester a garantéiert eng optimal Symbios. Dat ass just méiglech duerch der 'Norddeutsche Philharmonie Rostock' hir Transparenz. Déi vill rhythmesch Elementer a kleng Figure si kloer am Klangbild agebett. Et kéint ee bal vun engem 3D-Bild schwätzen. Doduerch bleift dem Orchester och an der Balletsmusek Fräiraum fir sech ëm de 'Groove' an de Charakter vun den Dänz ze këmmeren. Den Dirigent, Marcus Bosch, huet et hikritt fir eng natierlech Interpretatioun ze schafen, an där alles präsent ass, mee näischt extra presentéiert muss ginn, well alles seng passend Plaz fonnt huet. E gelongenen Disk.