Lettland hat sech géint d'Ewechhuele vun den zwee Nimm gewiert, huet sech beim Kompromëss schlussendlech awer enthalen. D'Sanktioune betreffe bal 3.000 Persounen an Entitéiten, deenen d'EU virgehäit, de russesche Krich an der Ukrain ze ënnerstëtzen.
Den Delai fir d'Sanktiounen ze verlängeren ass an der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch.
Fridman hat Lëtzebuerg verklot
Am Virfeld hate Frankräich an d'Slowakei gefuerdert, datt den Alischer Usmanow vun der Sanktiounslëscht erofgeholl gëtt. Lëtzebuerg huet doropshi gefuerdert, datt och d'Sanktioune géint de Michail Fridmann missten opgehuewe ginn.
De Michail Fridman hat Lëtzebuerg virun zwee Joer op Schuedenersatz an der Héicht vu ronn 15 Milliarden Euro verklot, nodeems Lëtzebuerg säi Verméigen agefruer huet nom russeschen Ugrëff op d'Ukrain. Déi Affär leeft den Ament nach.
Och géint d'EU-Sanktiounen hat de Fridman geklot, an an éischter Instanz Recht kritt. Lettland huet awer eng Revisioun ageluecht an och déi Affär leeft nach.