Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Georg Friedrich Händel - Concerto Grosso Nr.3 a Sol Majeur, HWV 314, III. Allegro - Berliner Barock Solisten, Reinhard Goebel (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Die Sehnsucht nach dem Süden

Klassik Aktuell

Die Sehnsucht nach dem Süden

De Wanter kënnt esou lues. Mee d'Solistes Européens, Luxembourg an d'Pepino Caliente Band hunn e sonnege Programm virbereet, voller Sonn a Freed.

auto_stories

1 min

headphones

9 min

© Michelle Barthel play_arrow
(Foto: Michelle Barthel)

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy.  De Pierre Kremer, Trompetist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.

Ticketen ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.

Lauschterenplay_arrow