Educatioun

SNE/CGFP reagéiert gemëscht op Aktiounsplang fir Inklusioun an der Grondschoul

Mat gemëschte Gefiller reagéiert d’Enseignantsgewerkschaft SNE vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP  op dem Minister Claude Meisch säin Aktiounsplang fir Inklusioun an der Grondschoul. Engersäits géif ee begréissen, datt de Problem vu Gewalt an der Schoul endlech net méi tabuiséiert géif ginn.

auto_stories

2 min

© Diane Lecorsais
(Foto: Diane Lecorsais)

Alles an allem géif een de Gros vun den Ukënnegunge begréissen, esou den SNE-Präsident Patrick Remakel, mee plazeweis géifen se net wäit genuch goen.

Dem SNE mëssfält d'Form vum Comité local

Datt zousätzlecht Personal fir Kanner mat spezifesche Besoine rekrutéiert gëtt, wier ganz positiv. Bis elo wieren dës spezialiséiert Enseignanten an Assistenten allerdéngs direkt un d’Schoulen affektéiert gewiescht, wat et erlaabt hätt, si ganz onkomplizéiert anzesetzen.

Elo awer géif dat ganzt mat der Schafung vum sougenannte Comité local awer an eng schwéierfälleg administrativ Prozedur verstréckt ginn, fäert d’Enseignantsgewerkschaft SNE. Dëse Comité local ass virgesinn, fir d’Aarbecht tëschent hinnen a weidere spezialiséierten Ekippen, déi de Regionaldirektiounen ënnerstinn, ze koordinéieren. Dem SNE hätt et léiwer gehat, datt och dës Ekippen direkt un d’Schoulen affektéiert gi wieren, wéi de Patrick Remakel seet.

"Op dee Wee wollt de Minister awer net goen. D’ESEB-Ekippe bleiwe bei den Direktiounen. An do soll ee scho kucke, fir dass een déi gutt koordinéiert kritt, dass A weess, wat B mécht an dass B weess, wat A mécht. Dofir kënne mer eis mat där Iddi vun deem Comité local, ufrënnen. Mee dat däerf awer kee bürokratescht Monster ginn."

SNE/CGFP huet keng Bedenke wat d'Personal ugeet

Net wäit genuch geet der SNE och d’ Verstäerkung vum Encadrement am Cycle 1.Den SNE/CGFP fuerdert, datt an de Klasse vum Cycle 1 permanent en zweetenIntervenant präsent ass, an net just sporadesch. Ganz positiv ze bewäerte wierausserdeem déi annoncéiert schrëttweis Dezentraliséierung an d’Iwwerschaffe vunder Funktiounsweis vun de Kompetenzzentren.

Suergen, genuch qualifizéiert Personal fir déi zousätzlech Posten ze fannen, hätt een den Ament net onbedéngt esou de Patrick Remakel. Bis elo hätt et an éischter Linn un enger Volonté politique gefeelt, an net onbedéngt u Personal. Elo misst ee Reklamm fir d’Aarbecht vum spezialiséierten Enseignant an dem spezialiséierten Assistent maachen - an et wier een zouversiichtlech, fir dëst Personal ze fannen.