Trotz den Tripartitemesurë fir d’Energiepräisser ze bremsen, kéint dëst Joer awer eng zweet Indextranche erfalen: Nämlech am Fall vun engem méi laangen an intensive Konflikt am Noen Osten.
An deem Zenario vum STATEC kéinten d’Energiepräisser hei am Land dëst Joer ëm iwwer 14 Prozent klammen, a weider Indextranche kéinten am véierten Trimester dëst Joer an am drëtten Trimester 2027 erfalen, no där vum Juni 2026.
Tripartitemesurë schléissen zweet Indextranche net aus
Dem STATEC no, sollen d’Mesuren aus der Tripartite (fir d’Sprit-Präisser an d’Präisser vu Mazout, Gas a Stroum) den Inflatiounstaux dëst Joer ëm 0,3 Prozentpunkte reduzéieren. (Dës Mesurë sinn zënter Ufank Juli respektiv Ufank August a Kraaft.) Trotz dëse Mesurë wier awer net auszeschléissen, datt dëst Joer eng zweet Indextranche fälleg gëtt, esou d’Jill Schaul vum STATEC.
"Am héijen Zenario, wou eeben de Konflikt sech net géif opléisen, ass déi Possibilitéit nach do. Mee dozou ass awer och ze soen, datt déi Mesuren, déi decidéiert gi sinn, de Risiko vum Declenchement vun enger zweeter Indextranche ganz staark reduzéieren."
Mesure verdënne sech bei méi héijen Energiepräisser
D’Jill Schaul vum STATEC weist och drop hin, datt d’Tripartitemesure bei den Energiepräisser e Fixbetrag pro Eenheet sinn.
"Dat heescht Cent pro Liter oder pro Kilowattstonn oder Kubikmeter. An dat ass kee Prozentrabatt. Dat heescht wann d'Energiepräisser erëm klamme géifen, géif de relative Rabatt a Prozent méi kleng ginn. Dat heescht am Fong, datt d'Mesurë sech verdënne mat méi héije Präisser."
D’Tripartitemesurë fir d’Energiepräisser ze bremse, lafe bis Enn vun dësem Joer.
"Dat heescht am Fong, datt hiert Enn am Januar 2027 d'Inflatioun erëm géif mechanesch undreiwen, an dat ëm déi selwecht Gréisstenuerdnung, wéi se och 2026 se géif erofdrécken, dat heescht ëm 0,3 Prozentpunkten."
D’Präisser tëschent Mee a Juli dëst Joer wiere manner dynamesch gewiescht, wéi een dat geduecht gehat hätt, esou d’Jill Schaul vum STATEC. E weidere Grond fir d’Korrektur no ënne wieren nei international Hypotheesen, déi vun engem méi niddregen Uelegpräis ausginn.