“Ouni Risiko, keng Berüümtheet” – dat ass d’Motto vun der Isabel Villanueva. Déi spuenesch Braatschistin huet als Kand fir d’éischt Gittar gespillt an domat och vill Concourse gewonnen. Wéi si dunn d’Braatsch héieren huet, war si wéi verzaubert vun deem déiwe waarme Klang. Hiert Markenzeechen als Musekerin ass et, verschidde Stiler mateneen ze vermëschen. Si spillt Concerten eleng an och zesumme mat Ensembelen an Orchestere weltwäit. Haut den Owend spillt si de Programm vun hirem leschten Album "Ritual" am Neimënster an der Stad. An deen Optrëtt bedeit fir si direkt dräi Premièren – et ass hiren éischte Concert fir 2024, hiren éischte Concert zu Lëtzebuerg an och hir éischt Visite hei am Land. D’Isabel Villanueva huet dem Marie Schockmel méi verroden.