Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Schéisserei an Däitschland: Véier Mënschen em d'Liewe komm

Däitschland

Schéisserei an Däitschland: Véier Mënschen em d'Liewe komm

Bei enger Schéisserei am däitschen Niedersachse sinn hënt véier Mënschen ëm d‘Liewe komm, dorënner och e Kand. De präsuméierten Täter, en Zaldot vun der Bundeswehr, hätt sech gestallt, heescht et vun den Autoritéiten.

auto_stories

1 min

Et géif zwee Tatorten, een an engem Eefamilljenhaus an der Gemeng Scheessel an een zu Bothel am Landkreess Rotenburg. D‘Enquête leeft op Héichtouren. D‘Dot kéint e familiären Hannergrond hunn.