Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Schéisserei an Georgia: Papp vum Täter gouf festgeholl

USA

Schéisserei an Georgia: Papp vum Täter gouf festgeholl

No der Schéisserei op enger Highschool an Georgia, bei där véier Persounen ëm d‘Liewe koumen, hunn d‘Enquêteuren elo och dee 54 Joer ale Papp vum Täter festgeholl.

auto_stories

1 min

© Wikimedia Commons / Alex Smith
Foto: Wikimedia Commons / Alex Smith

Hie soll sengem 14 Joer ale Bouf fir Chrëschtdag eng automatesch Waff geschenkt hunn. Domat hätt hie sech mat schëlleg gemaach. De Jugendleche war der Police schonn am Virfeld wéinst Menacë mat enger Waff opgefall.