Radioen

On air

Notturno  |  Leo Blech - Symhonesch Dichtung, Op. 6, die Nonne - Sinfonieorchester Aachen, Christopher Ward (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Schoulrentrée: Enseignanten an Enseignanteën, déi nei am Beruff ufänken

Reportage

Schoulrentrée: Enseignanten an Enseignanteën, déi nei am Beruff ufänken

D‘Schoulrentrée haut ass net nëmme fir vill Kanner en neien Ufank. Och vill Enseignanten an Enseignanteën, déi nei an hirem Beruff ufänken, stinn de Moie fir d'éischte Kéier virun hire Klassen. Zwee vun hinne sinn d'Lena De Lorenzi an den Thibault Pepin. De Pierre Reyland huet si d'lescht Woch begéint, kuerz éier si de Moie mat hirem neie Job an der Schoul ufänken.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

play_arrow

Dräi Deeg virun der Rentrée, also leschte Freideg, huet d'Lena De Lorenzi mir an der Grondschoul zu Monnerech hir nei Aarbechtsplaz gewisen. Si fänkt haut an der Schoul zu Monnerech als Enseignante un. Si ass 25 Joer al a freet sech op dëst "neit Kapitel" an hirem Liewen.

Hir Formatioun vu véier Joer huet d'Lena de Lorenzi op der Uni Lëtzebuerg gemaach. Nieft der Theorie huet si an där Zäit an de Stagen och scho praktesch Erfarung gesammelt.

"Ech si ganz frou, datt ech d‘lescht Joer scho konnt an enger Spillschoul schaffen, well esou weess ech awer, wéi den Aarbechtsalldag ausgesäit, an dat ass awer trotzdeem ganz anescht wéi dat, wat een an der Theorie léiert."

Frou, wann et endlech lassgeet

Well et déi éischt Rentrée fir si ass, wier eng gewëss Nervositéit och ze spieren, esou d'Lena de Lorenzi.

"Gläichzäiteg sinn ech awer och mega opgereegt am positive Sënn, well et elo endlech lassgeet."

D'Lena De Lorenzi ass prett fir d'Rentrée. | © Pierre Reyland
D'Lena De Lorenzi ass prett fir d'Rentrée. (Foto: Pierre Reyland)

Lassgeet et fir déi 25 Joer al Lena De Lorenzi mat C4 Klassen. Si huet der dräi am Zykle 4.1., dat fréiert fënneft Schouljoer, an eng Klass am Zykle 4.2, dat fréiert 6. Schouljoer. De Sprong vun der Spillschoul op méi al Schülerinnen a Schüler am Zykle 4 hätt hir am Ufank schonn e bësse Suerge gemaach. Mee si hätt vill gutt Conseile kritt vu Kolleeginnen a Kolleegen.

"Ech hunn och ëmmer geduecht, déi Kleng, dat ass einfach, dat geet. Mee elo, wou ech en halleft Joer an der Spillschoul geschafft hunn: guer net. Also ech hu mega gär an der Spillschoul geschafft, déi Kleng ware mega, mee et ass mega ustrengend. Also an deem Sënn mengen ech gëtt den C4 manner ustrengend, well d‘Kanner vill méi autonom sinn. Anerersäits kommen an deem Alter aner Problemer, wou een dann an der Spillschoul net huet."

De Wee vum Quereinsteiger

Och den Thibault Pepin fänkt haut als Enseignant un. Dat an der Grondschoul vu Walfer. Hien huet virdru schonn ënner anerem ee Joer als Remplaçant an enger Grondschoul zu Esch, am Zykle C3, geschafft. An hie koum als sougenannte "Quereinsteiger" an den Enseignantsberuff. Dat heescht, hien huet eppes anescht studéiert, an dësem Fall Architektur, wou den Thibault Pepin e Bachelor gemaach huet.

Mee hie gouf vu sengen Elteren encouragéiert, den Enseignantsberuff awer emol auszeprobéieren. Säi Papp ass pensionéierte Schoulmeeschter a seng Mann permanent Remplaçante. A wärend hien ersat huet, huet den Thibault Pepin séier gemierkt, datt hie gär Schoul hält.

"Ech hunn d‘Aarbecht mat de Schüler immens flott fonnt. Ech fannen et ass immens dankbar. Et kritt een direkt Feedback. An da generell déi ganz Ambiance, e bëssen esou, wéi wann ee selwer zeréck an d‘Schoul geet, just dës Kéier aus engem anere Wénkel."

© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

Als Quereinsteiger huet den Thibault Pepin eng Formatioun um IFEN gemaach, dem Institut de Formation.

"Dat heescht, wann een de Bachelor huet, an ersetze war am beschte Fall, da kritt een um Enn, wann een dee ganze Parcours ofschléisst, e Certificat pédagogique. An domat kann een agestallt gi wéi en normalen Enseignant."

Den Thibault Pepin ass nach net Titulaire an enseignéiert zu Walfer elo mol d'Niewefächer op C2 an C3 Klassen. Och den Thibault Pepin war virun der Rentrée haut e bëssen opgereegt.

"Also d‘Opreegung ass definitiv do. Et ass eng nei Schoul, et sinn nei Aarbechtskolleegen, et sinn nei Kanner. An dat ass bei all Rentrée, och bei Veteran-Enseignanten de Fall, géif ech soen."

"Du gees soss dru futti"

Zeréck an d'Monnerecher Grondschoul, wou ech d'Lena De Lornezi gefrot hunn, op si ëmmer scho wollt Enseignante ginn.

"Am Fong guer net. Ech wollt mech ëmmer selbststänneg maachen, a Make-Up-Artistin ginn, mee du goung ech ersetzen, an ech hu mech verléift an de Beruff."

Dobäi ass de Beruff fir Schoul ze hale bekanntlech schonn eng grouss Erausfuerderung, a fir verschiddener och mat vill Stress verbonnen.

"Ech soe mir, wann s de deen heite Beruff net mam Häerze méchs, da maach e léiwer guer net, well soss gees de wierklech drun - an dat ass lo dramatesch, wat ech soen - mee du gees soss dru futti."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun