Radioen

opus100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Camille Saint-Saëns - Sonat fir Cello a Piano Nr.1 an Do Mineur, Op. 32, II. Andante tranquillo - Steven Isserlis (Cello), Connie Shih (Piano)

play_arrow Live
search

/ Wien huet d'Box un an der Lëtzebuerger Operette?

Klassik Aktuell

Wien huet d'Box un an der Lëtzebuerger Operette?

Déi Fro stellt d'Musekswëssenschaftlerin Danielle Roster an enger Table Ronde, virun der Opféierung vun der Operette "An der Schwemm" vun der Lou Koster.

auto_stories

1 min

headphones

13 min

play_arrow

D'Danielle Roster ass Musekswëssenschaftlerin a Konschthistorikerin op der Uni Lëtzebuerg. Nächste Samschden (29.06) leed si eng Table Ronde iwwer d'Genderrollen an der Lëtzebuergescher Operette. Déi ass just virun der leschter Virstellung vun der Operette “an der Schwemm” vun der Lou Koster, mat Texter vum Batty Weber. An dat am Kader vum Festival de Wiltz, de 29. Juni um 6 Auer. Tickete sinn iwwregens gratis, mussen awer am viraus reservéiert ginn.

Am Gespréich mam Marie Trussart verréit d'Danielle Roster ënner anerem wéi feministesch d'Lou Koster, de Batty Weber an den Dicks waren. An si beäntwert och d'Fro, wien da lo d'Box un huet, an der Lëtzebuerger Operette.

Lauschterenplay_arrow

D'Marie Trussart war de 4. Februar d'Stéck an de CAPE kucken an huet dem Marie Schockmel vu sengen Andréck erzielt.

Lauschterenplay_arrow

live

Live