Zanter Ufank der Saison ass de Klarinettist Sébastien Duguet den neien Direkter vum Conservatoire de Musique du Nord (CMNord). War säi Büro als Sous-Direkter virdrun zu Dikrech schafft hien elo am Gebai zu Ettelbréck. An do huet sech de Luc Boentges mam Sébastien Duguet getraff, fir e perséinlecht Gespréich iwwer d'Challengë vun engem Conservatoire, de Solfège an de Beruff als Direkter.