Maria, déi lescht Saison Sequenza war Komponistinnen dediéiert. Hunn dech d’Erfarungen aus dëser Serie dozou beweegt och dëst neit Theema unzegoen, dee vun der Black Classical Music?
Jo, do war nämlech eng Komponistin dobäi - d’Florence Price - déi sou huet misse maachen, wéi wa si eng Mexikanerin wier, fir iwwerhaapt kënnen ze studéieren. Dat huet mech scho fir d’Theema sensibiliséiert. Mee vläicht huet ee jo och zu Lëtzebuerg d’Hochzäit vum Meghan an dem Harry suivéiert. Do huet e ganz jonken Cellist gespillt, de Sheku Kanneh-Mason. An dat ass scho faszinant, wéi ëmmer méi jonk Schwaarz Musekerinnen a Museker um Marché vun der klassescher Musek optauchen.
Du hues dech elo intensiv mam Theema vun der Black Classical Music auserneegesat a wäerts iwwer déi nächst Saison, Woch fir Woch, en neien Aspekt duerstellen, sief et Komponistinnen a Komponisten, Ensembelen oder Interpretinnen an Interpreten. Wat hues du bei denger Recherche alles esou entdeckt?
Zum Beispill e Schwaarze Komponist aus dem 16. Joerhonnert. De Vicente Lusitano aus Portugal. Hie war deen éischte Schwaarzen, deem seng Noute gedréckt a publizéiert goufen, an dat schonn 1551. An da gëtt et natierlech déi spannend Geschicht, déi elo am Summer 2023 als Kinosfilm erauskoum: Déi vum Joseph Bologne Chevalier de Saint-Georges. Als “Schwarze Mozart” beschriwwen, huet hie sech tatsächlech zu Paräis mam Mozart musikalesch duelléiert, an hie soll och gewonnen hunn. Gläichzäiteg war hien en excellente Fechter an de Kommandant vun der Légion des américains et du midi, dem eenzege Regiment an Europa vum 18. Joerhonnert, an deem Schwaarz Zaldoten zougelooss waren. Et gëtt also ganz spannend Geschichten, och an deene vergaangene Joerhonnerten.
Virdrun hu mir iwwer e Komponist aus dem 16. Joerhonnert geschwat, haut si mir am 21. Joerhonnert: Gëtt et entretemps eng Gläichberechtegung um Marché vun der Musek?
Nee, tatsächlech nach iwwerhaapt net. Zu ongeféier 98 Prozent spille wäiss Musekerinnen a Museker klassesch Musek vu wäisse Komponiste fir e wäisse Publikum. Dat huet eng Studie vun der League of American Orchestras aus dem Joer 2014 gewisen. Dat souguer an den USA, wou den Undeel vun der Schwaarzer Bevëlkerung bei 13 Prozent läit. An da ginn et och ëmmer erëm Geschichten, déi duerch d’Press ginn. Zum Beispill déi vum Schwaarzen Operesänger Jeremy Osborne, deen d’Berliner Verkehrsbetriebe wéinst Rassismus verklot huet. Et gouf do nämlech en ellene Virfall bei der Ticketskontroll.
Kucke mir no vir op den éischten Episod: Do steet nämlech direkt e ganzen Orchester am Mëttelpunkt.
Den Chineke! Orchestra. Chineke mat Ausruffzeechen. Dat ass e ganz besonneschen Numm. Dee bedeit op Nigerianesch an der Igbo Sprooch nämlech “Gott, der Schöpfer der Welt und des Guten”. An dësem Orchester spillen 62 Musekerinnen a Museker aus 31 Länner, an ee wéi den Dirigent Sir Simon Rattle ass begeeschtert iwwer d’Grënnung vun dësem Orchester. Hie fënnt, datt et fir déi klassesch Musek eng zudéifst noutwenneg Iddi ass. Et kënnt also un! An dësen Orchester ass 2022 beim Festival vu Luzern opgetrueden an och schonn an der Elbphilharmonie zu Hamburg.