Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ Shostakovich in perspective

Klassik Aktuell

Shostakovich in perspective

Wéi eng Perspektiv huet de Jukka-Pekka Saraste op dem Dimitri Schostakowitsch seng Musek? De finneschen Dirigent trëtt den Donneschden (28.09.) mat de Lëtzebuerger Philharmoniker op.

auto_stories

1 min

headphones

12 min

play_arrow

Schostakowitsch a Mahler

Den Donneschten (28.09.) dirigéiert de Jukka-Pekka Saraste d’Lëtzebuerger Philharmoniker an der Philharmonie an engem Concert mam Titel ‘Shostakovich in perspective’. Um Programm stinn dem Dimitri Schostakowitsch seng véiert Sinfonie an och dem Gustav Mahler seng ‘Lieder eines fahrenden Gesellen’. Firwat goufe grad dës zwee Wierker an engem Concertsprogramm kombinéiert? 

De Christophe Mirkes huet sech virun der Prouf mam finneschen Dirigent an der Lobby vun engem Hotel getraff. Si hunn ënnert anerem iwwert dem Jukka-Pekka Saraste seng Leidenschaft fir déi spéitromantesch Musek geschwat, an och iwwert de Choix vum Concertprogramm. Natierlech wollt de Christophe als alleréischt vum Dirigent wëssen, wéi eng Perspektiv hien da selwer op de Schostakowitsch a seng véiert Sinfonie huet. 

Lauschterenplay_arrow