Den CSV-Deputéierte Jean-Paul Schaaf huet den 22.Juli 2025 dorop higewisen, datt 5 Prozent vun de Schüler:innen am Conservatoire du Nord hir Coursë wärend dem Schouljoer ofbriechen. Dat féiert zu Onkäschte vu ronn enger hallwer Millioun. Dofir fuerdert de Jean-Paul Schaaf (éischte Schäffe vun Ettelbréck a President vum SYVICOL – Syndicat interkommunal des villes de Diekirch et d’Ettelbruck pour l’organisation et la gestion d’un établissement musical) an der zoustänneger Chamberkommissioun finanziell Hëllefe vum Staat. Dat am Kader vun der geplangter Evaluatioun vum Gesetz, dat zënter September 2022 gratis Musekscoursen hei am Land erméiglecht. Wéi et am Communiqué vun der Chamberkommissioun fir Educatioun heescht, briechen zanterhier “tëscht 2,5 an 10% vun de Schüler, jee no Schoul oder Conservatoire, de Cours am lafende Schouljoer of”.
Deemno wier den Taux am Conservatoire du Nord warscheinlech net deen Héichsten. Den opus 100,7 huet bei den aneren zwee Conservatoiren a bei der UGDA Museksschoul, der gréisster Museksschoul am Land, nogefrot wéi d’Situatioun bei hinnen ass. Vun de Conservatoirë leien dem 100,7 bis ewell keng Donnéë vir.
“Bei eis ass den Taux vun den Abandone quasi d’selwecht bliwwen” – Micky Thein, Direktesch vun der UGDA Museksschoul
An der UGDA Museksschoul léich den Taux weiderhi bei 3 bis 7%. Allerdéngs géinge méi Kanner ageschriwwe ginn, an dann am September en “No Show” maachen. Dat heescht si stinn op de Lëschten, mee komme guer net an de Cours. Et géing och eng Tendenz festgestallt ginn, éischter opzeginn.
“Mee dofir hu mir dann awer Schüler, déi kënnen noréckelen” vun de Listes d’Attenten, erkläert d’Micky Thein.
Virun allem an der Formation musicale (Solfège) ginn et vill Schüler:innen, déi wärend dem Joer ophalen. Dofir fënnt d’Direktesch vun der UGDA Museksschoul et och wichteg sech Gedanken ze maache fir “d’Formatioun musicale méi spannend kënnen [ze] gestalten”.
Ganz nei Zuelen, déi villverspriechend kléngen
Um Freideg (25.07.2025) huet de Educatiounsministère an engem Communiqué déi neisten Zuele matgedeelt. Hei gesäit et hiren Zuelen no am Joer 2024/25 awer villverspriechend fir de Museksenseignement aus.
Wéi ass et aktuell mat den Abandon'en?
Den Taux vun den Abandon'e bleift deemno relativ stabel. (10,34% am Joer 2024/25)
Zielt een déi Leit awer mat, déi op Waardelëschten norutschen, sou ass dem Ministère no eng däitlech Baisse ze gesinn. Deemno fält hei de Pourcentage vu 7,08% am Joer 2022/23 a 6,64% am Joer 2023/24, op elo 4,15% am Schouljoer 2024/25. D'Eenzelcoursen wieren dobäi manner vun Abandon'e betraff, wéi d'Gruppecoursen.
Bei de Gratiscoursen wier iwwerdeems de Pourcentage vun den Abandon'en och manner héich, wéi bäi käschtepflichtege Coursen.
Il convient de noter que le taux d’abandon est systématiquement plus faible pour les cours bénéficiant de la gratuité que pour ceux soumis à un minerval (...)
D'Nofro klëmmt
Wou 2022/23 eng 34.824 Inscriptiounen am Museksenseignement an 2023/24 eng 38.091 Inscriptioune gezielt goufen, wieren et der 2024/25 eng 40.663 gewiescht. Dat bedeit och eng Hausse bei de Schülerinnen a Schüler: Hei hätt een 2022/23 eng 19.644 Schüler:inne gezielt, 2023/24 eng 20.964 an elo 2024/25 22.116 Schülerinnen a Schüler.
Bäi de Schülerinnen a Schüler ënnert 18 Joer hätt ee mat 83,20% och eng liicht Hausse zu de Virjoren (2022/23: 83,26% an 2023/24: 83,30%)
Den Undeel vun de Schüler:innen, déi vun de gratis Course Gebrauch maachen, wier an de leschten 3 Jore stabel bliwwen. Just eng liicht Baisse vun 0,17% am Verglach zum Schouljoer 2022/23 ass hei ze konstatéieren.
Och d'Offer gëtt méi grouss
Dobäi ass och d'Zuel vun den ugebuedene Fächer geklommen. Deemno hätten et 2024/25 151 Fächer ginn, 20 méi wéi déi zwou Saison virdrun.
Deemno ginn et an dësem Joer och méi Enseignanten: 787 am Joer 2022/23, 825 am Joer 2023/24 an 855 am Joer 2024/25.
Hei fannt dir de kompletten Detail zu den Zuele vum Educatiounsministère aus Juli 2025.
Wéi eng Ännerunge gi gemaach? Am parlamentareschen Dossier ginn d'Ziler vun der Adaptatioun vum Gesetz vum 27. Mee 2022 kloer definéiert.
- Lockerung vun den Delaie fir Musekschoulen a Conservatoiren, fir méi Flexibilitéit bei der Organisatioun vun de Course vum Enseignement Musical ze garantéieren.
- Déi staatlech Ënnerstëtzung fir de Finanzement vun der Course gëtt erhéicht.
- D'Terminologie vum Gesang gëtt erweidert a spezifizéiert.
Wat bedeiten dës Ännerunge konkret?
Bei der Lockerung vun den Delaien handelt et sech eng Kéier ëm d'Date de Validatioun Nr.2 fir d'Schoulen. Mat där Validatioun deelen d'Schoulen dem Educatiounsministère mat, wéi vill Schüler definitiv an de Coursen ageschriwwe sinn, nodeems d'Abandonen duerch Remplaçantë vun de Waardelëschten ersat goufen. Op Basis vun där Validatioun gëtt dann de Subside vum Ministère berechent.
Dësen Datum gëtt an der Modifikatioun vum Gesetz vum 15. November op den 31. Dezember geréckelt. Dat bedeit, datt d'Schoule méi Zäit hunn, fir méi staatlech subventionéiert Minutte mat Remplaçant-Schüler:innen gefëllt ze kréien.
D'Gemengeréit, respektiv d'syndicats de communes sollen dem Gesetz no virum 1.September zesummekommen, fir d'Organisatioun vum Schouljoer, dat usteet, ofzeschléissen. Ännerunge konnte bis elo bis den 1.Dezember eragereecht ginn. Dësen Delai ass elo op de 15. Januar no hanne geréckelt ginn.
De System vum Finanzement
Et gëtt 3 Stufen u Validatioune, déi hei a kuerzer Form erkläert sinn:
- 15. September: d'Schoul gëtt hir Lëschte beim Ministère mat den ugemellte Schüler:innen fir d'Schouljoer eran.
- 15. November (ab 25/26 den 31. Dezember): D'Schoul reecht eng adaptéiert Lëscht eran, op där d'Abandonen erausgeholl goufen an d'Remplaçantë vun der Waardelëschten nogeréckelt sinn. Op Basis vun dëser Validatioun gëtt déi staatlech Subventioun fir d'Schoul berechent. All d'Käschte vun den Abandonen, déi nom 15.November (respektiv 31.Dezember) ofbriechen, musse vun de Gemengen iwwerholl ginn.
- 01. Oktober vum Joer duerno: d'Schoul schéckt dem Ministère d'Lëscht mat alle Schüler:innen eran, déi d'Schouljoer bis zum Schluss fäerdeg gemaach hunn.
Méi finanziell Ënnerstëtzung
Eng Fuerderung vum SYVICOL (Syndicat des Villes et Communes luxembourgeoises) war fir déi staatlech Subventiounen un d'Präisdeierecht (Indice pondéré du coût de vie an d'élevation des salaires) unzepassen. Deem ass de Ministère och no komm.
D'Subventioune ginn op d'enseignéiert Minutt pro Schouljoer berechent.
Den Taux klëmmt ëm 37,37% vun 30€ op 41,32€ fir d'Course vun deenen ënneschten Niveauen an d'Adultecoursen. Fir d'Divisions moyennes, spécialisées a supérieures gëtt den Taux ëm 20,6% gehuewen. Domat ginn also d'Coursë fir d'Ufänger proportionell am meeschte subventionéiert.
Ännerunge beim "Chant"
Zu gudder Lescht gëtt et dann och eng Ännerung bei de Gesangscoursen, och wann déi méi kleng ausfält.
De Begrëff "Chant" gëtt ëm zwee Fächer erweidert: Bis ewell wor de Finanzement Chant classique, chant moderne a chant jazz ausgeriicht. De chant moderne gouf duerch chant rock/pop ersat, an et koumen zwee Fächer dobäi: de chant baroque, an de chant musical.
De Projet de loi gouf deposéiert a gëtt an enger zweeter Instanz vum Staatsrot iwwerpréiwt.
Weider Artikelen a Relatioun mam Gesetz vum 27. Mee 2022
22.Juli 2025: Evaluatioun vum Gesetz an der Komissioun fir Educatioun an der Chamber mam Beispill vum Conservatoire du Nord
25.Juli 2025: Reaktioun vun der UGDA Museksschoul
30.Juli 2025: Reaktioun vum Escher Conservatoire
8.August 2025: Reaktioun vum Stater Conservatoire
Update: 1.12.2025