Skallsjö Sommarorkester

"D'Klassesch Musek huet ee Ruff, dee se net verdéngt huet!"

Där Meenung ass den Skallsjö Sommarorkester; jonk Museker:innen, déi mat hire Concerten dëse Ruff ännere wëllen.

auto_stories

1 min

headphones

9 min

Skallsjö Sommarorkester | © Quell: www.sommarorkester.com play_arrow
Skallsjö Sommarorkester (Foto: Quell: www.sommarorkester.com)

Virun zwee Joer war de Skallsjö Sommarorkester schonn eemol op Besuch zu Lëtzebuerg. Dëse Freideg, de 25. Juli zitt et si da fir ee weidere Concert an de Park vun der Villa Vauban fir ee Concert de midi.

Skallsjö Sommarorkester ass eng schweedesch Formatioun, déi sech 2013 gegrënnt huet. Nach haut trieden déi haaptberufflech Profi-Museker:innen all Summer bei enger Tournée duerch Europa op, bäi där si weise wëllen, wéi ënnerhalsam klassesch Musek ka sinn.

Egal ob beim Eraussiche vum Programm oder der Location vum Concerts-Event. Si soen: "Museker musse schaffen a sech ëmmer nees Neies ausdenken, fir d'Leit ze erreechen. Wann dat net geléngt, ass et de Museker:innen hir Schold."

Am Gespréich schwätzt de Kontrabassist Sverker Rundqvist mam Lex Kauffmann iwwert d'Philosophie vum Sommarorkester. An dobäi kënnt och d'Fro op: Stëmme verschidde Clichéen, déi et ginn? 

D'Infoen zum Event ginn et hei.

Lauschterenplay_arrow