Radioen

opus100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

De barocke Moien  |  Maurice Jarre - Lara's Theme, aus 'Doctor Zhivago' (Film) - The City of Prague Philharmonic, Paul Bateman (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Ee Concert mat Smetana a Janácek

Klassik Aktuell

Ee Concert mat Smetana a Janácek

Un zwee Komponiste gëtt 2024 ënner anerem an engem Concert musikalesch erënnert. Rieds ass vum Bedrîch Smetana a Leoš Janácek.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

play_arrow
Hana Robotkova © radio an opus 100,7

D'Pianos-Professesch Hana Robotkova aus dem Stater Conservatoire lancéiert zesumme mat weidere Kolleeginnen a Kolleegen den éischte Concert fir dës Saison vun der Serie ActArt. 
Ee Concert mat tschechesche Wuerzelen a volleksnoe musikaleschen Aflëss. Et gëtt nämlech an enger Zort Gebuertsdags-Concert un d'Komponiste Bedřich Smetana a Leoš Janáček erënnert.


Mee firwat ass de Choix speziell op dës Komponiste gefall? Wéi kann een déi tschechesch Wuerzele vun de Komponisten an der Musek eraushéieren? A wat bedeit de Museker d'Concert-Serie perséinlech? Dat alles héiert Dir am Interview mam Lex Kauffmann an der Pianistin Hana Robotkova, déi dëse Concert an d'Liewe geruff huet.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

  1. Bedřich Smetana (1824-1884): Du pays natal (duo pour violon et piano)
  2. Bedřich Smetana (1824-1884): Quatuor à cordes n°1 “De ma vie”
  3. Leoš Janáček (1854-1928): Concertino pour piano, 2 violons, alto, clarinette, cor et basson

Interpreten:

Hana Robotkova, Piano

Ilan Schneider, Braatsch

Pierre Gomes, Fagott

Simone Weber, Klarinett

Leo Halsdorf, Cor

Vania Lecuit, Gei

Sandrine Cantoreggi, Gei

Ilia Laporev, Cello

live

Live