Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Fanny Hensel - Das Jahr. 12 Charakterstücke für das Forte-Piano, III. September. Am Flusse. An - Kathrin Schmidlin (Piano)

play_arrow Live
search

/ Spéit Wierker

KLASSIK AKTUELL

Spéit Wierker

Mendelssohn Op.81 a Beethoven Op.127: de Reiz vu spéide Wierker. De Kreisler Quartet féiert se op, de Sonnden (09. 06.) um 11 Auer an der Philharmonie.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

Kreisler Quartet (Haoxing Liang, Silja Geirhardsdóttir, Maya Tal, Niall Brown) | © ⒸSébastien Grébille play_arrow
Kreisler Quartet ⒸSébastien Grébille

D'Sträichquartetter vum Mendelssohn a Beethoven gi vill gespillt. Och de Kreisler Quartet mat Memberen aus de Lëtzebuerger Philharmoniker huet déi zwee Komponisten op sengem nächste Concertsprogramm, dëse Sonnden (09.06.) an der Philharmonie. Et sinn allerdéngs zwee spéit Wierker. An der Programmbeschreiwung heescht et datt de 'Komponisten hir spéit Wierker dacks e besonnesche Reiz' hunn.
De Christophe Mirkes huet beim Niall Brown, dem Cellist vum Kreisler Quartet, nogefrot, wat dann de spezielle Reiz un de spéide Sträichquartetter vum Beethoven a Mendelssohn ass.

Lauschterenplay_arrow