Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Sinfonie Nr.6 a Si Mineur, Op. 74 "Pathétique", III. Allegro Molto Vivace - Berliner Philharmoniker, Kirill Petrenko (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Spezifesch Haftflichtversécherung fir E-Trottinetten? - Regierung gesäit aktuell kee Grond dofir

Mobilitéit

Spezifesch Haftflichtversécherung fir E-Trottinetten? - Regierung gesäit aktuell kee Grond dofir

D’Regierung gesäit fir den Ament keng Noutwendegkeet d'Benotzung vun elektreschen Trottinetten un eng spezifesch Haftflichtversécherung ze bannen. Dat äntwert d‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro zum Theema vun der ADR.

auto_stories

1 min

© Benjamin Cheng/Unsplash
Foto: Benjamin Cheng/Unsplash

Accidenter mat esou E-Trottinette wiere schonns duerch déi perséinlech Haftflichtversécherung ofgedeckt. Et wier dann och schwéier, fir eng Obligatioun anzeféieren, datt d‘Fuerer vun esou Trottinette Pabeiere missten dobäi hunn. Dat, well elektresch Trottinetten, d’selwecht wéi d‘Vëloen, net immatrikuléiert sinn, esou nach d‘Ministesch.

Dat wier och op enger Linn mat der Praxis an deene meeschte Länner an Europa, wou eng zousätzlech Versécherung oder Immatrikulatioun nëmmen néideg ass, wann d'Trottinette méi héich Geschwindegkeete kënnen erreechen oder méi eng grouss Leeschtung hunn.