Contraire zur ANIL

Spidolsfederatioun FHL ass prinzipiell zefridden mat der Reform vum Infirmiersberuff

D’Spidolsfederatioun FHL hätt sech beim Gesetzesprojet fir d'Reform vum Infirmiersberuff eng méi grondleeënd Reform gewënscht.Trotzdeem weist sech d’FHL prinzipiell zefridden. Hir Recommandatioune wiere consideréiert ginn, esou den FHL-Direkter Sylvain Vitali als Reaktioun op den Avis vun der ANIL.

auto_stories

1 min

D’Reuniounen am Aarbechtsgrupp mam Ministère hätt een och net als esou "chaotesch" empfonnt, wéi d’Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren dës bei eis op der Antenn beschriwwen haten. Et wier normal, datt hei nach keng fäerdeg Dokumenter ausgedeelt goufen,well et sech ëm "Virbereedungstexter" fir de Gesetzesprojet gehandelt hätt, esou nach de Sylvain Vitali.

D’ANIL hat am 100,7 Interview vu "Brouillonstexter" geschwat a kritiséiert, datt d’Reuniounen am Aarbechtsgrupp kuerzfristeg aberuffgoufen an ee sech deemno net gutt preparéiere konnt.