Radioen

On air

Notturno  |  Mario Castlnuovo-Tedesco - Concertino fir Harf a Kammerorchester, Op. 93 - Naoko Yoshino (Harf), Orchestre d'Auvergne, Roberto Forés Veses (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Steiererhéijungen a Spuerpolitik: De Keir Starmer preparéiert Groussbritannien

Groussbritannien

Steiererhéijungen a Spuerpolitik: De Keir Starmer preparéiert Groussbritannien

A Groussbritannien huet de Premier Keir Starmer de Summer duerch betount, datt seng Regierung eidel Staatskeese vun den Tories geierft hätt. An elo gëtt op der Insel geziddert, well seng Labour-Regierung de Mëttwoch hiren éischte Budget presentéiert. De Premier huet de Méindeg an enger Ried den Terrain virbereet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Photoshot | -

Eis Korrespondentin Claire Barthelemy huet Detailer vu London.

Et ass seelen, datt ee brittesche Premier esou kuerz virun der Presentatioun vum Budget eng Ried hält. Éier d'Populatioun de Mëttwoch gewuer gëtt, wéi de Budget ausgesäit, huet de Keir Starmer widderholl, datt e "schmerzlech" fir d'Britte wäert ginn.

Dat notamment wéinst geplangte Steiererhéijungen an enger Reduktioun vun den ëffentlechen Depensen. Hien huet awer nawell probéiert, d'Leit ze rassuréieren. Gläichzäiteg géif hien déi schwéier Decisiounen awer och verteidegen, et wier deen eenzeg méigleche Wee fir Stabilitéit, Investissementer a Reformen ëmzesetzen.

"Esou kënne mir eise Gesondheetssystem flécken, Groussbritannien nei opbauen an d’Paiziedele vun den Aarbechter schützen."

Leit mat Kapitalakommes ginn eventuell méi héich besteiert

D'Wuert Aarbechter, also "working people", huet hien ëmmer erëm widderholl, an dat war gewollt. Well an de leschten Deeg gouf et eng dacks skurril Diskussioun, wien a Groussbritannien als Aarbechter gëllt a wien net. De Keir Starmer sot, Leit, déi zwar schaffen, awer och Akommes vun Immobilien an Aktie kréien, géifen net als "working people" gëllen an et gëtt ugeholl, datt si méi Steiere wäerte bezuele mussen.

Déi Konservativ Partei huet der Regierung virgeworf, nei Definitiounen ze erfannen a géint hiert eegent Walversprieche verstouss ze hunn. A senger Ried sot de Keir Starmer, datt déi déi schaffe wëssen, wie mat "working people" gemengt ass, an datt hir Steieren - genee wéi am Labour-Manifest versprach - net wäerten eropgoen.

Wéi genee deen neie Budget ausgesäit, ass awer nach net gewosst. A Groussbritannie mussen Aarbechter an Employeure Sozialversécherungsbäiträg bezuelen, an et gëtt erwaart, datt déi vun de Patronen elo erhéicht ginn. Déi Sue sollen dann ënner anerem dem staatleche Gesondheetssystem NHS zoukommen. Dem Starmer säi Message war also, datt schwéier Zäite bevirstinn, mee datt dës néideg sinn, fir datt et nees biergop geet.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Politik a Gesellschaft