Radioen

On air

De barocke Moien  |  Edward Elgar - Four Dances, I. Menuetto - Athena Ensemble

play_arrow Live
opus

/ Stephany Ortega Trio

Klassik Album vun der Woch

Stephany Ortega Trio

Mat engem Release Concert den 10. Oktober 2024, huet de Stephany Ortega Trio säi fuschneien Album "Adiós Nonino" am Trifolion zu Iechternach am Kader vum Echter'Classic Live lancéiert.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

play_arrow
Album "Adiós Nonino" vum Stephany Ortega Trio

Et ass insgesamt déi zweet Produktioun fir den neie Label "Luxembourg Classics", déi mam Album "Adiós Nonino" vum Stephany Ortega Trio erausbruecht gëtt.

Een Disk, deen emotiounsgeluedenen Tango mat mysteriéise Kläng a liewege Rhythme verbënnt.

D'Stephany Ortega ass säit Joren an der Lëtzebuerger Musekszeen établéiert an a verschiddenste Genren doheem. Elo bréngt si dann zesumme mam Akkordeonspiller Christophe Delporte an den Adrien Tyberghein um Kontrabass, Musek vum Astor Piazzolla op CD eraus. Ee bekannte Bandoneon-Spiller, deen haut als Matbegrënner vum argentineschen Tango zielt.

"Adiós Nonino" ass als eng Zort Hommage un den Astor Piazzolla ze verstoen. Mam Ënnerscheed, dass de Stephany Ortega Trio d'Musek aus de 60er Joren, nei a vill méi modern interpretéiert. Ee musikaleschen Triell tëscht Instrument a Gesang, dee vun emotionale bis hin zu geheimnisvolle Passagen, vill Klangfaarwen ofdeckt an domat zu eisem Klassik Album vun der Woch mécht.

Eis ganz Kritik zum Album, déi de Christophe Mirkes a Lex Kauffmann a Resonanzen presentéieren, kënnt dir elo hei nolauschteren!

Lauschterenplay_arrow

Interpreten

Stephany Ortega Trio

Stephany Ortega, Sopran

Christophe Delporte, Akkordeon

Adrien Tyberghein, Kontrabass

Label: Luxembourg Classics