Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Stolproduzent Liberty Steel ass faillite

No laange wirtschaftleche Schwieregkeeten

Stolproduzent Liberty Steel ass faillite

D'Firma vun Diddeleng ass jo scho laang a wirtschaftleche Schwieregkeeten. D'Gewerkschaften hu schonn e puer mol drop opmierksam gemaach, datt zënter Oktober d‘Mataarbechter:inne keng Pai kruten.

auto_stories

1 min

Geschriwwe vum Pebia Urban

150 Leit sinn elo vun der Faillitte betraff. Laang gouf no engem Repreneur gesicht – dee gouf awer net fonnt. 

De Robert Fornieri erkläert, datt ee mat der Direktioun op de gemeinsamen Nenner komm wier, datt d‘Salairen sou séier wéi méiglech mussen ausbezuelt ginn.

Do hätt et eng logistesch Pann ginn. Se géifen awer alles maachen, datt d‘Paie bezuelt ginn. Ee Curateur soll dat alles analyséieren an decidéieren, wéi et soll weider goen, sou d‘Erklärunge vum Robert Fornieri.

Eng Optioun wier de Verkaf. Dofir géif et schonn Interessente ginn. D‘Hoffnung ass déi, datt och d‘Aktivitéite mat iwwerholl ginn, datt d‘Leit hir Aarbecht net verléieren.

Mataarbechter:innen a Gewerkschaftler:innen op der Plaz soen. Datt si Moies net iwwer d‘Faillite informéiert goufen.