Radioen

On air

Notturno  |  Joseph Haydn - Concerto fir Gei a Sol Majeur, Hob.Vlla/4 - Handel and Haydn Society, Aisslinn Nosky (Gei), Harry Christophers (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Streik op der belscher Bunn

Och Verbindungen vun an op Lëtzebuerg betraff

Streik op der belscher Bunn

Den Owend fänkt op der belscher Bunn nees ee Streik un, dee Repercussiounen op dräi Verbindunge mat Lëtzebuerg kéint hunn.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© picture alliance / NurPhoto | Kevin Van den Panhuyzen play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Kevin Van den Panhuyzen)

Den 31. Mäerz gouf et ee Generalstreik, a ville Secteure waren d’Belsch mobiliséiert. D’Reformen déi am Koalitiounsaccord vun der federaler sougenannter Arizona-Regierung festgehale goufen, kéinte vill Mënschen treffen. A punkto Pensioun ass ab 2030 eng Erhéijung vum Pensiounsalter vu 66 op 67 Joer virgesinn. Am meeschte getraff sinn awer d’Eisebunner, déi bis elo mat 55 Joer an 30 Joer Anciennetéit konnten an d’Pensioun goen, do gëtt de Pensiounsalter vun 2027 progressiv un déi aner Secteuren ugeglach. Och wann aktuell de reellen Antrëttsalter éischter bei 62 Joer läit, kéint hir Situatioun sech degradéieren, erkläert den belsche Gewerkschaftler Maurice Mabille vun der CGSP-Cheminots, enger Eisebunnergewewrkscchaft.

"Mais disons que si la mesure envisagée, voyait le jour, les cheminots devraient travailler entre cinq, six, voire dix années de plus, pour une pension qui serait amputée entre 150 et 500 Euro."

Derbäi kënnt datt de Budget vun der SNCB ëm 675 Millioune reduzéiert soll ginn.

Streikdeeg am Abrëll an am Mee

Wéinst där Reform sinn déi belsch Eisebunner mobiliséiert a si hunn eng ganz Rëtsch u Streikaktioune virgesinn. Am Abrëll si 4 Streikdeeg virgesinn, och am Mee gëtt op der belscher Bunn gestreikt. 

Weider Moossnamen huet dem Bart de Wever seng Arizona Koalitioun am Beräich vum Chômage annoncéiert déi Laangzäitchômeure wäert treffen.

"Les répercussions, c'est l'application au 1er janvier 2026, c'est 100.000 personnes qui ne vont plus percevoir d’allocation de chômage. Et donc ces personnes vont devoir se tourner, soit elles n'obtiendront rien en aide sociale parce que pour une raison X ou Y, par exemple, leur conjoint a déjà un autre métier. Et elles devront se retourner, mais vraiment vers l'aide sociale communale qui s'appelle le CPAS, ce qui va avoir un impact négatif sur la finance des communes."

Wéinst all deene Grënn mobiliséieren d’Belsch Gewerkschafte fir déi nächste Streikaktiounen déi bis de Juli scho geplangt sinn.

Lauschterenplay_arrow