uni.lu Chouer

Studéieren an zesumme sangen!

De Chouer vun der uni.lu séngt de 6. Juli ee Concert zesumme mam Chouer vun der Universität des Saarlandes. Eng Kollaboratioun déi vill Leit beweegt.

auto_stories

2 min

headphones

9 min

uni.lu Chouer & Thomas Gareau | © François Carbon play_arrow
uni.lu Chouer & Thomas Gareau (Foto: François Carbon)

De Chouer vun der uni.lu organiséiert ee Concert de 6. Juli an der Mäerteskierch zu Diddeleng. An deem Kader kollaboréiert den uni.lu Chouer mam Chouer vun der Universität des Saarlandes. Am Ganze wäerte méi wéi 100 Stëmme zesumme sangen, zesumme mam Orchester Con Nov’arco.

Um Programm steet A capella Musek an och zesumme mat Orchester. "Northern Delights" ass de Motto vum Concert, an dofir gëtt et Musek vu Komponisten déi aus dem “Norde” kommen, ënnert anerem vum Karl Jenkins, Ola Gjeilo an Edvard Grieg.

Den Entrée ass fräi, an eng Donatioun ass erwënscht. Den Thomas Gareau, den Dirigent a musikaleschen Direkter vum uni.lu Chouer, verréit am Gespréich mam Marie Schockmel méi.

Lauschterenplay_arrow