Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Ludwig van Beethoven - Sinfonie Nr.3 a Mi bémol Majeur, Op. 55 "Eroica", III. Scherzo: Allegro vivace - Solistes Européens, Luxembourg, Christoph König (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Südkoreanesch Schrëftstellerin Han Kang kritt de Literaturnobelpräis

Literatur

Südkoreanesch Schrëftstellerin Han Kang kritt de Literaturnobelpräis

Den Nobelpräis an der Literatur geet dëst Joer an Asien, an zwar un déi südkoreanesch Schrëftstellerin Han Kang. Dat huet déi schweedesch Akademie an der Mëttesstonn zu Stockholm annoncéiert.

auto_stories

1 min

Foto: Han Kang

D‘Han Kang gëtt ausgezeechent fir hir intensiv literaresch Prosa, sou d‘Begrënnung. Mat hirer Prosa géif si sech historeschen Traumata stellen an d‘Zerbriechlechkeet vum mënschleche Liewen oppeleeën.

D‘Südkoreanerin ass déi 18. Fra, déi de Literaturnobelpräis kritt, an déi éischt Fra ënnert de Laureaten dëst Joer.