Radioen

On air

De barocke Moien  |  Henri Vieuxtemps - Romances sans paroles, Op. 7, II. Allegro - Philippe Koch (Gei), Luc Devos (Piano)

play_arrow Live
search

/ Yuja Wang an d'Berliner Philharmoniker spillen op der Waldbühne.

SUMMERCONCERT 2

Yuja Wang an d'Berliner Philharmoniker spillen op der Waldbühne.

Eise Summerconcert hellt iech den Owend mat op enger vun deene schéinste Fräiliichtbünen a ganz Europa. Op der Waldbühne zu Berlin trieden d’Pianistin Yuja Wang an d’Berliner Philharmoniker op a spillen ënner der Baguette vum Kirill Petrenko. E virtuosen a magesche Programm: mächteg Kompositiounen vum Mussorgsky a Prokofieff treffen op Brillant Stécker vum Ravel.

auto_stories

1 min

Waldbühne Berlin © Stephan Rabold

Dëse Concert gouf den 22. Juni 2024 op der Waldbühne zu Berlin opgeholl. D'Opnam krut den 100,7 duerch d'Kooperatioun mat der EBU (European Broadcast Union).

Um Programm:

Modest Mussorgsky (1839-1881): Eine Nacht auf dem kahlen Berge

Sergei Prokofiev (1891-1953): Concerto fir Piano Nr. 1, Op. 10

Philip Glass (*1937): Etüd Nr. 6 (Zugab 1)

Frédéric Chopin (1810-1849): Waltz Nr. 7, Op. 64/2 (Zugab 2)

Maurice Ravel (1875-1937):

  • Pavane pour une infante défunte
  • Daphnis et Chloé, Suite Nr. 2
  • Boléro

 

Interpreten:

Yuja Wang, Piano

Berliner Philharmoniker

Kirill Petrenko, Direktioun